Spurlautprüfung a Schossfestegkeetsprüfung zu Léiweng mat de Riichtere Jacques Petit, Hubert Schildknecht a Marc Ledoyen. Gemellt wore 5 Dackelen .

Um 8:00 wor Rendez-vous beim Hotel IBIS zu Léiweng, wou bei enger Taass Kaffi den Oflaf vun der Prüfung erklärt, souwéi d'Reiefolleg gezunn, goufen. Dono ass et an d'Revéier gaangen, wou, no der Chipkontroll, d'Schossfestegkeet bei den Dackelen gepréift ginn ass.
No der Schossfestegkeet, déi all Hond bestanen hat, sinn d'Wisen no Huesen ofgesicht ginn a séier woren der och genuch fonnt.


Kuerz no Mëtteg ass et dunn op Fëlsdrëf an de Lokal "A Mackel" gaange wou, no engem gemittlechen Ofschlossiessen, d'Präisser verdeelt gi sinn:

en 1te Präis fir Sarah Hilckmann mam Allie vom Heckenfeld
en 2te Präis (2A) fir de Georges Kugener mam Lux vom Theeltal
an en 2te Präis (2B) fir d' Marianne Jacobs mam Quinn vom Nattertal

E grousse Merci un all di Bedeelegt!