Léiwe Member,
hei sin déi aktuell Informatiounen fir d’nächst Joer

Aschreiwung an Informatiounsversammlung

D’Aschreiwen fir d’Coursen ass Sonndes, den 22. Januar 2017 op der Heringermillen am Mëllerdall. Mir bidden hei allen interesséierten Leit eng theoretesch Aféierung op déi eenzel Coursen un.

Mir invitéieren Iech an eisen Dressurléiergang

Och dëst Joer bidden mir eisen « Dressurcours » zu Folkendeng un. Dësen Cours ass d’Virbereedung op d’Jagdeignungsprüfung (JEP) resp. op d’jagdliche Gehorsamsprüfung vun der CCC. Bei eis ass all Juegdhond, ob mat oder ouni Pabeieren, haerzlech wëllkomm.
An dësem Cours deen den 12. Februar ufänkt, léieren d’Hondsbesëtzer ënner der Opsicht vun eisen Traineren selwer aus hirem Mupp e brauchbaren an zouverlässegen Juegdhond ze machen. Wann Dir eng vun desen Prüfungen gepackt hutt sidd Dir berechtegt un der Brauchbarkeetsprüfung fir Schweessarbescht deelzehuelen. Konditioun dofir ass awer dass den Hondsbesëtzer an d’Persoun déi op der Prüfung féiert am Besëtz vun engem gültegen lëtzebuerger Juegdpermis ass/sin.

Eis Welpeschoul

Fir eis kleng Muppen bidden mir och schon eng Schoul un. Do kënnen all Juegdhënn, ob mat oder ouni Pabeieren, ab dem Alter vun 8 Wochen bis se 6 Méint aal sinn, matmachen. Hei ginn sie, ouni groussen Drock, op hiert spéidert Liewen als Juegdhond virbereed. Sie léieren hei duerch de Kontakt mat aneren Hënn an hirem Alter sech anstänneg a friddlech ze behuelen.

Cotisatioun a Präisser vun de Couren fir 2017

D’Cotisatioun fir 2017 bleiwt onverännert op 25€, iwerweist w.e.g.mam Vermierk: Cotisatioun 2017. Fir Memberen déi un eiser Zeitung « Fëscher, Jeeër an Hondsfrënn » interesséiert sinn, an nët iwer
Fëscher oder Jeeër bezéien, bidden mir Iech 6 Zeitungen pro Joer fir 12€ un, hei w.e.g. mam Vermierk: Abonnement periodique . Déi eenzel Beträg sin ze iwerweisen op den Post Kont
LU35 1111 0457 5568 0000 vun der Centrale du Chien de Chasse
Och d‘Präisser vun de Couren bleiwen onverännert bei 150€ fir den Dressurléiergang resp. 125€ fir d‘Welpeschoul.  Dës Beträg sin op den Kont LU09 0099 7800 0052 0726 bei der Raiffeisenbank vun der Centrale du Chien de Chasse mam Vermierk « Welpeschoul » oder « Dressurcours » ze iwerweisen. Umellungen sinn w.e.g. schrëftlech un d’CCC 33, Grand-Rue L-8510 Redange ze schecken oder per
e-mail un: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!.
Fir all weider Informatiounen steet d’Manon Wersant-Stockreiser Iech um Telefon : 621 705 246 Ried an Aentwert.