De 16ten September 2017 huet d'Dackelkommissioun hier éischt Begleithundeprüfung ofgehalen. Fir d'BHP waren insgesamt 11 Honn gemellt (fënnef fir d'BHP G, een fir d'BHP 1, a fënnef fir d'BHP 3). Ugetruede sinn 10 Gespaner, vun deenen 9 erfollegräich bestoe konnten. Um 9:30 hunn sech de Riichter, d'Gespaner, de Prüfungsleiter an Helfer zu Bech afonnt. No kuerzer Aféierung duerch de Prüfungsleiter Jacques Petit, huet de BHP Riichter Jockel Jung aus Däitschland d'Wuert iwwerholl.
Duerno hunn sech d'Gespaner op de Wee gemaach fir sech dem éischten Deel vun der Prüfung ze stellen. Hei gëtt nieft dem Gehorsam, wéi Leinenführigkeit, fräi-bei-Fouss, Ofleeën a Ra-ruffen, och d'Sozialverträglechkeet an d'Verhale vis-à-vis vu Leit, Honn, Geräischer an am Stroosseverkéier gekuckt. Bei der BHP 2 gëtt d'Ofleeë virun engem Gebai ënnert Oflenkung (Jogger, Vëlo an Hond), esou wéi d'Führersuche gepréift. Dëst gëtt da vun der BHP 3, bei där den Apport vun engem Géigestand aus déiwem Waasser getest gëtt, ofgeschloss.
Bei dëser Prüfung kann een sech entweder fir eenzel Prüfungsdeeler mellen, oder déi 3 Deeler an engem Dag maachen. Packt een dëst, esou kritt den Hond d'Leeschtungszeeche BHP G unerkannt. 2 Honn hunn dëst och fäerdeg bruecht:
Punkte |
Hond |
Führer |
LZ |
175 Tagessieger |
Quinn vom Nattertal |
Marianne Jacobs |
BHP G |
166 |
Nurmi vun der décker Lann FCI |
Dan Friedl |
BHP G |
140 |
Lily von den Eifelhexen |
David Kuijpers |
BHP 1 & 2 |
127 |
Nahla vun der décker Lann FCI |
Marianne Jacobs |
BHP 1 & 2 |
87 |
Nimrod vun der décker Lann FCI |
Georges Kugener |
BHP 1 |
40 |
Pira vom Neunten Weinberg |
Georges Kugener |
BHP 3 |
40 |
Lacoste |
Carole Pleimling |
BHP 3 |
40 |
Nallo vun der décker Lann FCI |
Dan Friedl |
BHP 3 |
30 |
Nunuk- Graf von Schloss Koedingen |
Anastasia Cassinetti |
BHP 3 |
No der Prüfung ass gemittlech zesummen zu Gréiwemaacher um Camping giess ginn. De Riichter huet di gutt Virbereedung vun den Honn an der Prüfung selwer gelueft, an der Dackelkommissioun fir hier éischt BHP gratuléiert. E grousse Merci geet un d'Carole Pleimling, dat eis seng Terraine' fir dës Prüfung zur Verfügung gestallt huet. Och dem Riichter, dem Prüfungsleiter, dem Marc Diederich, dem Claude Zanter, an alle Führer gëllt en immens grousse Merci fir dëse flotten an erfollegräichen Dag!