Den 23. September 2017 wor d´EP(B) fir Däitsch Wachtelhonn um Waldhaff. Am Virfeld woren Prüfungsplazen stark gefrot, a mir hunn als Stöberhondskommissioun missen Leit mat hiren Honn ofweisen. Wat et méi no un de Prüfungsdag komm ass, huet sech 1 Gespann virum Nennschluss an eent nom Nennschluss zeréck gezunn. Iwwreg bliwwen sinn nach 2 Gespanner fir d´Prüfung. Et wor eng kleng EP(B) déi am familiären Emfeld durchgezunn ginn ass. Leider louch awer eng donkel Wollek iwwert deem Ganzen. Zwee Deeg virun der Prüfung huet eise gudde Frënd Dem Moritz eis no längerer Krankheet fir ëmmer verlooss. Den Dem wor a bleift an eise Gedanken d’Urgesteen vun eisen Wachtelhonn. Schued, dass hien et net méi konnt mat erliewen, ewéi de Carlo a säin Lerry vun der Elz sech een 1.Präis mat voller Punktzuel erschafft hunn. An der Zäit wir dat sëcherlech e langen Owend ginn. Eis däitsch Wachtelfrënn, déi bei eis als Riichter op der EP(B) derbäi woren, hunn bei der Präisverdeelung spontan d’Prüfungsgesellsschaft gebieden opzestoen an dem Dem senger ze gedenken. E méi erfreelechen Moment zum Schluss vun der Prüfung wor d´Íwwerreechen un Madame Sina Fontaine vun hirem Schweesriichterausweis durch den President vun der Landesgrupp Rheinland-Pfalz / Saarlaand am VDW Johannnes Lehnert.
Merci de Schëtter a Gonnerenger Jeeër a Juegdpiechter, der Gestion de l´eau an der Bësch a Naturverwaltung fir Bereedstellen vun dem benéidegtem Prüfungsareal. Merci och dem Café Engel vu Mënster wou mir ëmmer erem virun der Prüfung, an no der Prüfung gutt opgehuewe sinn.
Riichter: Ralph BARME (Ro) // Johannes LEHNERT (Sw) Erich STIELE (Fw) Prüfungsleiter: John KIRCHEN
Gemellt 3 // Durchgepréift 2 // Bestannen 2 Honn
Hond + Zbn. |
Stöbern Wald |
Schussfest. Wald |
Schussfest Wasser |
Verlorensuche Wasser |
Stöbern mit Ente |
Bringen Federw. 150 m |
Bringen Haarwild 300m |
Bringen Ente aus tiefem Wasser |
Gehorsam |
Schweißarbeit |
Punkte |
Preis |
Medaille |
Vicky v. Schwarzenbruch 15-345 Hündin F:Sina Fontaine |
3 |
8 |
ja |
ja |
+Ngp. |
8 |
8 |
8 |
8 |
ja |
83 |
3. |
-- |
Lerry von der Elz 14-375 Rüde F:Carlo Felten |
8 |
8 |
ja |
ja |
+Ngp. |
8 |
8 |
8 |
8 |
ja |
104 |
1. |
bronze |
+ Ngp. : Duerf aus gesetzlechen Grënn z.Z. net zu Lëtzebuerg gepréift ginn
Matgedeelt vun der Stöberhondskommissioun