Fir déi zukünfteg Jeeër méiglechst gutt op den Examen an hiert spéider Jeeërliewen virzebereeden, soll sou vill wéi méiglech um Terrain geschafft ginn. Ee Kapitel an der Ausbildung zum Jeeër, sinn d‘Juegdhënn. No enger theoretescher Aféierung moies, goufen mëttes um Waldhaff, bei schéinstem Wieder, de Kandidaten eng ganz Rei vu verschidden Juegdhënn gewisen an erkläert. Ënner der Leedung vum Pit Entringer, goufen de Jongjeeër déi eenzel Hënn vun de jeeweilegen Meeschteren méi no bruecht. Dernieft goufen och eenzel Aufgaben virgefouert. Hei konnten déi eenzel Hënn weisen, wéi si am juegdlechen Gebrauch hirem Meeschter hëllefe kënnen. Wat net konnt virgefouert ginn, war déi wichteg Aarbecht vun der Nosich op blesséiert Wëld. Zu dësem Thema hunn déi zukünfteg Jeeër awer nach ee separate Cours mat de Leit vun der Schweeshondstatioun. Alles an allem ee gelongene Nomëtteg. Wa mir nach eng Kéier gefrot ginn eng Hand mat unzepaken, si mir gären rëm derbäi.